L'histoire du club

Den 8. September 1988 goufen d‘Gendarmen vu Groussbus owes spéit an ee Groussbuser Café geruff, wou ee rosenen Matbierger si mat enger Billard’s-Queue ugegraff huet. E puer Deeg méi spéit huet den Gendaarm Pauly Patrick zesummen mat engem Kolleg de Beschloss gefaasst fir hiren Memberen Selbstverteidegungscours’en unzebidden. Den Training gouf ufänglech am Dojo um Härebierg zu Dikkrich ofgehal.

 

 

1995 ass dunn zu Groussbus eng nei Sportshal gebaut ginn an déi deemoleg Gemengevertrieder waren bereet fir d‘Sportler vum Härebierg an der Hal beim « Prommenhaff » trainéieren ze loossen. Doropshin sinn den 3. Juli 1995 d’ Statuten opgestallt ginn an den Self Défense Club du Nord war gebuer. Grënnungsmemberen waren deemools d’Madame Isabelle Wallers an d’Hären Norry Deloos, Marc May, Patrick Pauly a Claude Speicher.

 

 

Op der ausseruerdentlecher Generalversammlung vum 25. Januar 2007 gëtt dem Wonsch vun der FLAM, der Fédération Luxembourgeoise des Arts Martiaux, bei där den SDCN zanter 1996 Member ass, Rechnung gedroe, d‘Statuten ginn aktualiséiert an de Veräin heescht vun dem Dag un Ju-Jitsu Self-Défense Club du Nord.

 

 

2006 feiert den SDCN säin 10. Gebuertsdag. Wéi d‘Traditioun am Veräin et verlaangt, ginn all d‘Memberen mat hiren Famillen, Veräins- an Gemengevertrieder häerzlich op eng grouss Feier invitéiert.

 

 

Zanter senger Grënnung, virun geschwënn 20 Joer, bitt den Veräin sengen aktiven  Memberen en effektiven Training an der Selbstverteidigungskampfkonscht un. De Veräin zielt all Joer ëm déi 50 bis 60 aktiv Memberen. Et sinn ëmmer rëm op en Neits besonnesch vill Kanner déi sich am SDCN aschreiwen. Genau wéi déi Jugendlech an Erwuessen, léieren si op hirem wöchentlechen Training d‘Konscht vun der Selbstverteidegung kennen mat allem wat dozou gehéiert : eng gewëssen Etikett, déi den Arts martiaux eegen ass, de sportlechen Aspekt vum Ju-Jitsu an net zulescht déi gesetzlech festgeluechten Regelen vun der Noutwier.

 

 

De Veräin ass awer net nëmmen um sportlechen Plang aktiv : Seng Memberen huelen och aktiv um sozialen Liewen an der Gemeng deel andeems si sich op deenen verschiddenen Festivitéiten ronderëm d‘Joer engagéieren.

 

 

20 ans déjà!

Fin des années 80 s'est développée l'idée de l'autodéfense dans certains milieux de la police et de la gendarmerie. Un entraînement à cet effet était dispensé dans la salle de judo du Herrenberg près de Diekirch.

 

Après quelque temps, on occupait une salle du 'Centre d'Education Différenciée' de Warken. Mais celle-ci se montrait peu propice à l'entraînement. On était obligé de se mettre à la recherche d'un meilleur local.

Le hasard a fait que l'Administration Communale de Grosbous faisait construire à l'époque un hall omnisports. Les Responsables de la Commune étaient prêts à accueillir le groupe de self-défense sous condition d'y intégrer la population civile. Le 3 juillet 1995 on publiait les statuts du Club. C'était la naissance du 'SELF DEFENSE CLUB DU NORD' (SDCN).

Depuis, le Club propose avec succès des cours d'autodéfense à la population de la région. Le 2 juillet 2006, le SDCN fêtait son 10e anniversaire. Tous les membres accompagnés de leur famille, les représentants d'autres clubs et de la Commune étaient invités à la Salle des Fêtes de Grosbous. On y présentait au public une démonstration des activités du Club.

Le 20 décembre 2006, le Comité invite ses membres, conformément aux Statuts en vigueur, à une Assemblée Générale Extraordinaire qui est programmée pour le 25 janvier 2007. Le but en est de changer la dénomination du Club suivant les recommandations de la Fédération Luxembourgeoise des Arts Martiaux et d'actualiser le contenu des Statuts. Dorénavant le « Self Defense Club du Nord » portera le nom de « Ju-Jitsu Self-Défense Club du Nord ».

Voulez-vous également connaître l'art de l'autodéfense ? Souhaiteriez-vous faire du bien à votre corps ou aimeriez-vous fortifier votre assurance personnelle ? Venez nous rencontrer - nous vous attendons !